In this section, let’s ignite your passion for programming!

Computer programméiere, och bekannt als Kodéieren, ass e Wee fir dass mir (Mënschen) mat Computeren kommunizéieren. Puer Léit associéieren Coden als eng komplex Sprooch déi an engem Computer gemaach gëtt mat ville komplizéierten Tippen an Syntax déi maachen dass Coden schwéier ausgesäit ze léieren. Wësst dir awer dass Coden léieren net sou schwéier ass wéi et ausgesäit ?

Coden ass net sou schwéier wéi et ausgesäit, well Computeren ouni eis hëllef, net maachen kéinten wat se lo kënnen. Mir (Mënschen) mussen hinnen bäibréngen wéi se Aktiounen fäerdegbréngen sollen. Wann mir mat engem Computer kommunizéieren wëllen, mussen mer dofir en Sprooch benotzen déi en och versteet. Puer vun den berüümtsten Sproochen sinn Python, Java, C, C++, HTML JavaScript an nach puer anerer.

Mam Coden kann een vill Saachen schafen wéi Internet Säiten, Applikatiounen, Spiller an nach aner Computer-baséiert Technologien. Kann Coden eis hëllefen eis Kreativitéit auszedrécken an ze erhéijen ? Wann är Äntwert op dës Fro “Jo” ass an dir wëllt puer Programméierungssproochen kenneléieren, kënnt dir op dëser Säit duerch verschidde lëschteg an interaktiv Spiller Coden léieren.

Animated gif fight code

CodeCombat

Kommt an d’Welt vum CodeCombat wou dir den Held hëllefen musst seng Zieler ze erreechen andeems dir fir all Niveau een Code schreiwt.

Visual Mycraft

Minecraft

Op dir Minecraft schonn spillt oder net, kënnt dir awer d’pädagogesch Versioun vum Spill probéieren fir Basis Coden ze léieren.

Visual Coding Game

CodinGame

Fëllt déi onkomplett Kodéierung fir déi zougewisen Aufgaben ofzeschléissen an dann kënnt dir är Spiller op CodingGame probéieren.

Visual Tynker

Tynker

Op Tynker kann een iwwerall an egal wéini Spiller, Puzzelen, Animatiounen an nach vill méi fannen!

Visual Scratch is a free programming language and online community

Scratch

Eng praktesch an visuell Programméierung op Scratch wäert iech net nëmmen Spiller spillen loossen mee och Animatioun, Geschichten an vill méi!

Visual Code a dance party

Code.org

Kommt vill Funktiounen vun Code.org probéieren, wou een Spiller mee och Applikatiounen erstellen kann an och scho besteeënd Spiller déi mat Informatik ze dinn hunn probéieren.

Visual Codemoji

Codemoji

Sidd dir prett eng Programmatiounssprooch mat Emojis ze léieren ? Probéiert daat mat Codemoji! 

flexbox froggy 3

Flexbox Froggy

Helping these frogs get back to their lily pads will give you new coding skills.

grid garden b

Grid Garden

Who would have thought that sprinkling carrots would teach us how to code?

Deep Sea Sushi i1

Deep Sea Sushi

Deep Sea Sushi will help you create your game by teaching you how to use the Scratch functionalities.

CheckiO

CheckiO

Discover or rediscover the basics and more advanced features of your favourite programming language.

pixelpad 22

PixelPAD

Take advantage of all kinds of resources to learn more about the Python programming language

Mimo

Mimo

Focuse on learning coding and programming skills through interactive lessons and exercises