Dive into Digital and Let the Future Starts

In this section, let’s get real! 

Et gi sou vill super Aarbeschtsplaatzen a Méiglechkeeten am digitalen Beräich an an der Informatik fir béid Meedercher an Jongen!

Am breede Beräich vun den STEM (Wëssenschaft, Technologie, Ingenieur, Mathematik) sinn ëmmer méi Innovatiounen op der Entwécklung vun neien Technologien baséiert.

Wann dir interesséiert sidd een Schëpfer oder en Erfinder ze ginn oder wann dier gären op Leit oppasst oder Geschäfter maacht, dann hutt dir warscheinlech eppes mat Digital ze dinn.

Mir brauchen all Talenter déi eis hëllefen wäerten, déi dréngendst Problemer wéi Gesondheet an Ëmweltproblemer ze léisen! Eis Welt brauch méi Techniker, Ingenieuren a Wëssenschaftler an zumools méi Fraen déi an deenen Beräicher schaffen!Dofir muss jiddereen besser mat Digital Instrumenter ëmgoen, sou dass mer prett sinn fir d’Zukunft vun der Gesellschaft an vun der Wirtschaft.

Zu Lëtzebuerg, sinn bëssen manner wéi 14%* vun den ICT Fachleit Fraen, wat knapps ënnert dem Duerchschnëtt vun Europa läit. Meedercher hunn sou vill wéi och Jongen Computer gär an spillen och sou gär Video Spiller wéi Jongen, dofir gëtt et keen Grond fir dass si net am Digitalen Beräich schaffen.

Girls in Digital ass hei fir jidderengem ze hëllefen deen Ressourcen an Zeienaussoen sicht vun Fraen déi am Digitalen Beräich mee awer och an den STEM Beräicher schaffen. Héi kënnen si awer och nëtzlech Informatiounen fannen fir den Digitalen Beräich an Informatik ze entdecken.